Beweegungs Fabreck

Physio meets Sports

Am Cabinet de Kinésithérapie vun der Beweegungsfabrèck stees du als Mënsch am Fokus vun der Therapie. Eist Team pocht op eng individualiséiert Behandlung, déi sech all Patient genau upasst. Als Kiné si mir net nëmmen dorop spezialiséiert, deng aktuell Symptomer ze behandelen, mee virun allem hir Ursaach erauszefannen a laangfristeg ze kuréieren. Mat Hëllef vu Beweegung an engem speziell fir dech ausgeschaffte Programm vun Übungen, déi s du och am Alldag uwenne kanns, versiche mir, dir net just elo ze hëllefen, mee deng Haltung, Motorik a Beweegungsgewunnechten esou ze verbesseren, dass se däi Wuelbefannen op Dauer positiv beaflossen.

WAT MECHS DU FIR DECH ?

Wann s och du Loscht hues, dech op e modernt Konzept vu Kinesitherapie anzeloossen, dann huel elo däi Rendezvous a komm laanscht!

About picture
© Foto Editpress - Julien Garroy