about us

Beweegungs Fabreck

Iwwert Eis

Fort mat veraalten Usiichten: eemol bei de Kiné, sech gutt duerchkniede loossen, déi betraffe Plaz duerno waarm halen a sech schounen? Falsch! Haut ass gewosst, dass déi beschten Therapie bei Problemer mam Beweegungsapparat d’Beweegung selwer ass. Dofir gëtt an der Beweegungsfabréck eng Kinesitherapie ugebueden, déi sech aus zwee Voleten zesummesetzt:

  • Aktiv Interventiounen, dat heescht: Übungstherapie, Gesondheetssport ewei och kleng Upassungen am Alldaag …
  • Traditionell passiv Interventiounen, dat heescht: Manuell Therapie, Faszientherapie, Elektotherapie, Fango …

De Kierper ass en Zesummespill vu ville Prozesser an des brauche gewësse Viraussetzungen, fir dass alles gutt funktionéiere kann. Mir als Kinéë sinn dofir do ze kucken, firwat verschidde Virgäng Schwieregkeete bereeden a wéi een des behiewe kann. Eis Aufgab ass et, ze analyséieren, ze korrigéieren a mat dir zesummen de beschte Wee ze fannen, fir däi Kierper erëm gesond ze maachen. A well all Kierper anescht ass, setze mir heibäi op eng personaliséiert Berodung, fir dass och all Patient genau dat kritt, wat e vu Behandlung brauch.

About picture
Beweegungs Fabreck

STAFF

Pol Portrait
Kinésithérapeute

Ech sinn de Pol, an hu mäi Studium 2017 zu Köln op der "Hochschule Fresenius" ofgeschloss. Scho wärend menger Studienzäit hunn ech an enger Privatpraxis zu Köln geschafft an dëst och nom Ofschloss vum Studium weidergefouert, fir esou vill wéi méiglech Erfarung a verschiddene Beräicher ze sammelen.
Perséinlech sinn ech säit menger Kandheet vill am Sport aktiv. Mat Basket sinn ech opgewuess, duerno dunn an d’Liichtathletik gewiesselt, an der ech op internationalem Niveau Competitiounen ugetrueden a bis haut trei bliwwe sinn.
Mäin Interessi un der Gesondheet, dem Sport an dem Wuelbefanne generell begleet mech scho mäi ganzt Liewen an dat Wëssen, wat ech iwwer d’Joren an dëse Beräicher ugesammelt hunn, wëll ech menge Patiente wieder ginn. Mëttlerweil sinn ech forméiert an der Behandlung vu Sportler. Och an engem speziell entwéckelte Konzept fir Skoliosen-Patienten hun ech eng Weiderbilung gemaach an däerf mech "Schrot-Therapeut" nennen.

Rick Portrait
Kinésithérapeute

Ech sinn de Rick, studéiert hunn ech zu Köln op der "Hochschule Fresenius" am Fach Physiotherapie B.Sc.. Nieft der Schoul hunn ech schonn ëmmer vill Sport gemaach. Ënnerwee war ech am Dressurreiden, an der Liichtathletik an aktuell am Crossfit. Als Sportler kënnt ee scho relativ jonk mam Beruff vum Kiné a Kontakt, well de Cabinet ass déi éischt Ulafstell bei Verletzungen. Meng perséinlech Erfarung am Beräich kann ech a meng Aarbecht mat afléisse loossen an esou d’Bedürfnisser vun all Patient nach besser erkennen.
Nieft der klassescher Kinesitherapie läit meng Spezialisatioun virun allem an der Behandlung vu Sportler an säit 2020 sin ech och op Kieferbehandlungen spezialiseiert.
Ech hunn eng Lizenz als Functional Trainer a kann a ville Fäll och op Übungen dovun zeréckgräifen. Fir mech ass dëst déi perfekt Kombinatioun fir menge Patienten – egal wéi enge Viraussetzungen se hunn – kënnen déi bescht méiglech Therapie zesummenzestellen.
Eppes wat mir a menger Aarbecht immens wichteg ass, ass meng Traitementer den aktuelle wëssenschaftleche Standarden unzepassen, fir menge Patiente kënnen eng modern an effektif Behandlung unzebidden.

Adriana Portrait
Sécrétaire

Ech sinn d'Adriana an hunn 2020 an der Beweegungsfabréck als Sécrétaire an Assistentin ugefaangen. 2019 hunn ech erfollegräich mäin Ofschloss (DAP, administratif et commercial) am Lycée Technique de Lallange gemaach.
Wärend mengem Apprentissage hunn ech, nieft menger Ausbildung fir am Büro ze schaffen, vill mat Leit interagéiert an hu séier gemierkt dass ech am léifsten am medezinesch- soziale Beräich schaffe wéilt. Gesondheet ass en Thema wat mech perséinlech uschwätzt an interesséiert.
Ech sinn ëmmer gäre geridden an interesséiere mech fir den technesche Fortschrëtt. Deemno verbréngen ech gären Zäit um Computer, wat ech gutt mat menger Aarbecht ka kombinéieren.
Ech free mech dech hei am Cabinet ze ëmfänken an hëllefen dir gäre bei Froe weider.

Jerome Portrait
Kinésithérapeute

Ech sinn de Jérôme. 2020 hun ech mäin Studium op der „Lunex University“ ofgeschloss als B.Sc. Physiotherapy. Sport a Beweegung waren ëmmer en Deel vu mengem Liewen. Momentan schaffen ech un engem Neuroathletiktrainer Zertifikat vir mär en mei komplett Verständnis vum Mënschlechen Kieper unzeeegenen, net nëmmen an der Kinésisthérapie mee och an der Gesondheets- a Leeschtungsoptimisatioun. Mat abegraff an dem Trainerschäin ass ënner anerem Trainingsplangung, Stressmanagement an Virbereedung vum Nervesystem op Beweegungsaufgaben.
Vu Basket beim AS Zolwer iwwer Fussball vir den FC the Belval Belvaux an aktuell Krafttraining an Calisthenics hun ech villes ausprobéiert. Niewenbäi hun ech nach eng Mulitude un anere Sportarten ausprobéiert well d'Beweegung vum Mensch extrem faszinant ass an all Sportart seng eegen Ufuerderungen un de Kieper huet. An och nach haut huelen ech mär Zait an probéiren nei Saachen aus vir all Zort vu Beweegung mat mengem eegenen Kieper ze verstoen.
All dat Verständnis iwwer Beweegung a Gesondheet probéieren ech an der Thérapie u meng Patienten weider ze gin. An ech probéiren sou vill wei méiglech mech weiderzebilden vir mengen Patienten de bäschtméiglechen Traitement unzebidden.

Aurelie Portrait
Kinésithérapeute

Ech sinn d'Aurélie, a sinn säit Juli 2022 bei der Beweegungsfabréck. Ech hu mäi Kinésstudium 2014 zu Idstein op der Hochschule Fresenius ofgeschloss an duerno an Däitschland an engem Rehazentrum a spéider an engem Cabinet geschafft. Niewebäi hunn ech mech virun allem op de Beräich vun der chronescher Péng spezialiséiert an 2021 meng Masteraarbecht iwwer dat Thema geschriwwen. Een Deel vu menger Aarbecht besteet doran meng PatientInnen iwwer hier Péng opzeklären an hinnen d'Beweegungsangscht ze huelen. Als Karateka a fréier Turnerin weess ech wéi wichteg Beweegung ass mee och wéi et sech ufillt net méi sengen alldeeglechen Aktivitéite kennen nozegoen. Mäin Ziel ass et mat menge PatientInnen zesummen nees e Wee an d'Beweegung ze fannen.

Dobby Portrait
Hond

Ech sinn de Dobby, niewend dem assissteieren bei der Behandlung vu menger Plaatz aus lossen ech et mir och net huelen all Patient ze begréissen. Dem engen oder aaneren hun ech scho gehollef fir iwwert hier Angscht fierun Hënn ebëssen ewegzekommen, well och wann ech heinsdo billen sin ech e ganz braven an ganz vill frou mat jidderengem, dee mir e bëssen opmierksamkeet schenkt.
Nievend der Aarbescht gin ech och mam Rick gearen an de Crossfit an ech laafen awer och ganz gearen duech de Bësch.